Médecins sans frontières
From Wikipedia, the free encyclopedia
Médecins sans frontières, ofgekierzt MSF, ass eng privat international Netregierungsorganisatioun, déi zanter 1971 an haut an iwwer 80 Länner am Beräich vun der Nouthëllef bei Naturkatastrophen a Konflikter aktiv ass.
1999 krut MSF de Friddensnobelpräis fir hir humanitär Pionéierleeschtung op e puer Kontinenter.
MSF huet sech als Zil gesat, virun allem kuerzfristeg medezinesch Hëllef bei Katastrophen (natierlech oder vum Mënsch verursaacht) ze leeschten. Do dernieft si si och a chronesche Konfliktgebidder aktiv, wou keng „normal” Hëllefsstrukturen (méi) do sinn. A verschiddene Länner si si esou déi eenzeg Hëllefsorganisatioun um Terrain. Wann d'Situatioun sech verbessert, gi si hir Aktivitéiten u lokal Strukture virun.
D'Dokteren, Infirmièren an Infirmieren, an déi administrativ a logistesch Mataarbechter vun MSF maachen dat op Basis vum Benevolat. Wa se méi wéi ee Joer do schaffen, kréien s'eng Indemnitéit fir hir Onkäschten. Privatspender droen zu 90 % vun den MSF hirem Budget vun ongeféier 1,63 Milliarden US-Dollar bäi.
Médecins Sans Frontières gouf 1971, an der Nuecht vun der Biafraer Sezessioun, gegrënnt. D'Grënner waren eng kleng Grupp vu franséischen Dokteren a Journalisten, déi versicht hunn d'Zougänglechkeet vun der medezinescher Versuergung iwwer national Grenzen an onofhängeg vun de Rassen, der Relioun oder dem sozialen Gesellschaftsstand z'erméiglechen. De Médecins sans frontières hire Grondprinzip ass fir bei Konflikter strikt onparteiesch ze sinn.
Nëmmen eemol an hirer Geschicht, beim Genozid 1994 am Ruanda, huet d'Organisatioun no enger militärescher Interventioun gefrot.
Si sinn onofhängeg vu Regierungen an decidéiere selwer, wou si aktiv ginn. Hiert éischt Zil ass, datt d'Hëllef bei déi kënnt, déi s'am néidegsten hunn. Wa se feststellen, datt dat net de Fall ass, kënne se decidéieren, sech zeréckzezéien.
D'Prinzippie vun MSF an d'operationell Richtlinne sinn an hirer Charta, an de Chantilly-Prinzippien an am méi spéide La-Mancha-Accord festgeluecht.
Si kruten den Nobelpräis 1999 an d'Unerkennung vun de Membere wéinst hiren Efforten fir medezinesch Versuergung an akute Krisen z'entwéckelen, an och fir international d'Sensibilitéit vu potenziellen humanitäre Katastrophen z'erhéijen.
MSF huet lokal Sektiounen an enger 18 Länner, dorënner och Lëtzebuerg.