Maison de l'innovation
From Wikipedia, the free encyclopedia
Maison de l'Innovation ass e Gebai, dat um Belval genee tëscht den zwéin Héichiewen A a B steet. Et ass en Deel vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation a gouf tëscht Mee 2012 an Oktober 2014 gebaut.[1][2] Den 22. September 2015 gouf et vum Groussherzog Henri, a Presenz vum Premierminister Xavier Bettel, de Ministere Bausch a Meisch an dem Staatssekretär Hansen, zesumme mat der Maison des sciences humaines an der Maison du savoir, ageweit.[3]
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Esch-Uelzecht,Belval |
Koordinaten |
49° 30’ 06.2’’ N 05° 56’ 55.1’’ O |
Architekt(en) | Bourguignon Siebenaler |
Datum vum Bau | 2012-2014 |
D'Gebai huet e rechteckege Grondrëss vun 53 × 43 m Säitelängt, mat bannendran engem Haff vun 23 op 13 m. Et huet eng Héicht vun 23 m (5 Stäck) an huet eng total Fläch vu 15.000 m², déi, mat Ausnam vum Rez-de-chaussée, wou Geschäftslokaler hikommen, fir Büroe gebraucht gëtt.[4] Am Ganze ware 36.700.000 Euro fir de Bau virgesinn.[5] Den Entworf ass vum Architektebureau Bourguignon Siebenaler.[6]
An der Maison de l'innovation si verschidden Departementer vum Luxembourg Institute of Science and Technology, d'Servicer vu Luxinnovation a vum Centre de formation professionnelle continue Dr. Widong ënnerbruecht. Ausserdem gëtt et Raim fir theoreetesch Recherche a fir Büroen.[2]