Maison du nombre
From Wikipedia, the free encyclopedia
Maison du nombre ass en Deel vun engem Gebai, dat am Kader vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation op der sougenannter Héichuewenterrass um Belval, am Universitéitsquartier, gebaut gouf. Dora sinn d'Recherche an den Enseignement an de Fächer Mathematik an Informatik an de Rechenzenter vun der Uni Lëtzebuerg ënnerbruecht.
D'Maison du nombre, riets am Bild | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Esch Uelzecht, Belval |
Koordinaten | 49° 30’ 13.3’’ N 5° 56’ 52’’ E |
Architekt(en) | Baumschlager & Eberle - Christain Bauer & Associés |
Datum vum Bau | 2013-2017 |
D'Gebai, dat südlech vun der Maison du savoir steet, huet eng Totalfläch vu 25.000 m². Et huet de Grondrëss vun engem L, mat, drun ugebaut, engem 7-eckege Gebai, der Maison des arts et des étudiants. Am Fall wou dat sech sou ausbreede sollt, datt et fir d'Maison du Nombre ze enk géif, kritt déi en eegent Gebai an der Noperschaft gebaut.[1]
De 15. Mäerz 2013 gouf a Presenz vun de Ministere François Biltgen, Octavie Modert a Marco Schank de Grondstee geluecht.[2]
Am Januar 2017 sinn déi ronn 80 Mataarbechter vum Fuerschungszentrum fir Informatik- a Kommunikatiounstechnologien SNT vum Kierchbierg do erageplënnert.[3] An de Méint dono koumen déi aner ronn 400 Mataarbechter vun der naturwëssenschaftlecher Fakultéit no.[4] Den 11. Juli 2018 gouf d'Gebai, zesumme mat der Maison des arts et des étudiants, offiziell ageweit.[5]
Den Architektebüro ass Witry & Witry.