Marcus Tullius Cicero
réimeschen Affekot, Politiker, Riedner, Auteur a Philosoph / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Marcus Tullius Cicero, gebuer den 3. Januar 106 v. Chr. zu Arpinum a gestuerwen de 7. Dezember 43 v. Chr., war e réimeschen Affekot, Politiker, Riedner, Auteur a Philosoph.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Marcus Tullius Cicero | |
---|---|
Gebuer |
3. Januar 106 v. Chr. jul. Arpino |
Gestuerwen |
7. Dezember 43 v. Chr. jul. Formia |
Doudesursaach | Käppen |
Nationalitéit | Réimescht Räich |
Aktivitéit | Philosoph, Dichter, politeschen Theoretiker, Jurist, Schrëftsteller, Alréimesche Priister, Affekot, Riedner, Politiker |
Famill | |
Bestuet mat | Terentia, Publilia |
Papp | Marcus Tullius Cicero |
Mamm | Helvia |
Geschwëster | Quintus Tullius Cicero |
Kanner | Marcus Tullius Cicero, Tullia |
Zoumaachen
Seng Famill huet zum Ritterstand (ordo equester) gehéiert an hien huet duerch säi politeschen Opstieg als homo novus (= neie Mann) an den Ae vun de Patrizier gegollt, déi zu Roum als d'Aristokrate gezielt hunn. Als Auteur gëtt hien nach haut uechter d'Welt als dee bedeitendste laténgesche Schrëftsteller ugesinn.
Den Cicero gouf am Zäitalter vun de sozialen a politeschen Onroue gebuer, déi der Republik schliisslech en Enn gesat hunn an d'Keeserräich als Folleg haten. Dëst war och d'Zäit vun der réimescher Klassik, zu där säi Wierk gehéiert.