Marguerite Yourcenar
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Marguerite Yourcenar, gebuer den 8. Juni 1903 als Marguerite Antoinette Jeanne Marie Ghislaine Cleenewerck de Crayencour zu Bréissel, a gestuerwen de 17. Dezember 1987 zu Bar Harbor, Mount Desert Island, Maine, USA, war eng franséisch, belsch an zanter 1947 och US-amerikanesch Schrëftstellerin vu Romaner, humanisteschen Novellen an autobiographeschen Erzielungen. Si huet och Gedichter, Essayen a Literaturkritike geschriwwen, an Texter iwwersat. Hire nom de plume "Yourcenar" ass en Anagramm vun hirem Nonumm "Crayencour" - bis op den zweete Buschtaw C.
Marguerite Yourcenar | |
---|---|
Gebuertsnumm | Marguerite Antoinette Jeanne Marie Ghislaine Cleenewerck de Crayencour |
Gebuer |
8. Juni 1903 Bréissel |
Gestuerwen |
17. Dezember 1987 Bar Harbor |
Nationalitéit | Frankräich, USA, Belsch |
Aktivitéit | Romancier, Dichter, Essayist, Iwwersetzer, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Dramatiker, Literaturkritiker |
Member vun | American Academy of Arts and Letters, American Academy of Arts and Sciences, Académie française |
Zu hire bekanntste Wierker zielen Alexis ou le Traité du vain combat (1929), Nouvelles orientales (1938), Mémoires d'Hadrien (1951), L'Œuvre au noir (1968), Mishima ou la Vision du vide (1980) an d'Trilogie Souvenirs pieux, Archives du Nord a Quoi? L'éternité.
Si war déi éischt Fra, déi, de 6. Mäerz 1980, an d'Académie française opgeholl gouf.
Am Dezember 1996 gouf den Asteroid (7020) Yourcenar no hir genannt.