Mario Hirsch
lëtzebuergesche Jurist, Politikwëssenschaftler a Journalist / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Mario Hirsch, gebuer de 6. Abrëll 1949 an der Stad Lëtzebuerg[1] a gestuerwen de 24. Juli 2023 an Albanien[2][3], war e lëtzebuergesche Jurist, Politikwëssenschaftler a Journalist.
Mario Hirsch | |
---|---|
Gebuertsnumm | Mario Antoine Auguste Hirsch |
Gebuer |
6. Abrëll 1949 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
24. Juli 2023 Albanien |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Institut d'études politiques de Paris |
Aktivitéit | Journalist, Politolog, Professer |
Nodeem hien zu Paräis um Institut d'études politiques (IEP) an an der Fondation nationale des sciences politiques (FNSP) Droit a Politikwëssenschaft studéiert hat, koum hien 1974 zu Lëtzebuerg an de Cabinet vum Premierminister Gaston Thorn.
Hie war vun 1983 bis 1985 de perséinleche Beroder vum Clay T. Whitehead.
De Mario Hirsch war vun 1986 bis 1996 Sekretär vun der DP-Fraktioun an der Chamber.
1997 war hie Verbindungsagent tëscht der lëtzebuergescher Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun an dem Miguel Ángel Moratinos, EU-Spezialémissaire fir de Friddensprozess am Noen Osten.
Vun 1998 bis 2006 war de Mario Hirsch Chefredakter vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land.
Vun 2006 bis uganks 2011[4],[5] war hien Direkter vum Institut Pierre-Werner.