Mineralwaasserquell Bel-Val
Quell um Belval / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mineralwaasserquell Bel-Val entspréngt um haitege Site vu Belval, an der Gemeng Suessem, op enger Héicht vun 304 m iwwer dem Mier.
D'"Halle de soutirage" ufanks vum 20. Joerhonnert. | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Belval |
Koordinaten |
49° 30’ 13.4’’ N 05° 56’ 24.8’’ O |
Datum vum Bau | 1893 |
Ofgerappt oder zerstéiert | 1935 |
1885 huet de Joseph Steichen-Mongenast den Haff "Ernshof" am Südoste vu Bieles geierft. Well zu där Zäit Bieles nach keng Waasserleitung hat, huet de Steichen an enger Supp, déi eng 250 m vum Haff ewech war, e Pëtz buere gelooss. 1887 huet en e Laboratoire ugestallt, d'Waasser z'ënnersichen. Dobäi koum eraus, datt d'Waasser propper a räich u Mineraler, dorënner och Eisen a Kalzium, war. Duerch d'Filtere gouf Eisen a Kalzium och zu Pëlle veraarbecht, déi an Apdikte verkaaft goufen[1].
1888 gouf ugefaange mat bueren an d'Quell gouf entdeckt. D'Waasser hat stänneg eng Temperatur vun 10 ° Celsius an d'Quell hat en Debit vun 300.000 Liter am Dag.
1891 gouf d'Quell gefaasst.
1893 gouf d'Mineralwaasser an de Commerce bruecht. Um Ufank ass et a stenge Kréi verkaaft ginn. Eréischt 1902 gouf et a gréng oder wäiss Glasfläsche vun engem oder engem hallwe Liter gezaapt.
1902 gouf d'Société Anonyme Générale des eaux minérales de Bel-Val gegrënnt. D'Waasser gouf net nëmmen zu Lëtzebuerg verkaaft, mä och an Europa, an Nord- a Südamerika, Afrika an a China exportéiert, eng zwou Millioune Fläschen am Joer[1].
1910 waren eng 50 Aarbechter ugestallt, haaptsächlech Fraen.
1935 gouf mat der Produktioun opgehalen.
1937 gouf d'Fabréck un Arbed-Belval verkaaft an d'Fabréckshale stoungen eidel, d'Haiser blouwen awer bewunnt.
1942 koumen déi éischt sowjetesch Krichsgefaangen, déi op Arbed-Belval agesat goufen an d'Fabréckshale goufe vun der Wehrmacht als bewaacht Lager ëmfunktionéiert. No der Befreiung gouf dëst Lager fir d'Internéierung vu Gielemännercher benotzt.
1958 goufen d'Reschter vun der Fabrick an der Villa ofgerappt.
2002 gouf déi al Quellefaassung mat alle Réier "erëm" entdeckt, a Bëtong gefaast an en Deckel drop gemaach.
Fir de Projet Kulturhaaptstad Esch 2022 hat d'Gemeng Suessem wëlles, ronderëm d'Quell zwéi Pavillonen opzebauen, déi ë. a. iwwer d'Geschicht vun der Quell informéiere sollten. Architekte waren den David Richiuso an den Dominique Bouche vum Kollektiv BeBunch.[2][3]
Op d'parlamentaresch Fro vum Georges Mischo a Marc Spautz zu enger eventueller Nei-Notzung vun der Quell Bel-Val huet d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring am Oktober 2022 geäntwert, datt d'Quell wuel kaum méi genotzt wäert ginn well d'Garantie vun der Drénkwaasserqualitéit op engem Site vun enger fréierer Schwéierindustrie mat enger aktueller staarker urbaner Entwécklung net realistesch wier.[4],[5]
- 35 Goldmedailen, Éierendiplomer a Grouss Präisser...
- D'Plaz ufanks vum 20. Joerhonnert.
- D'Quell Bel-Val hat en eegenen Uschloss un d'Eisebunn (1905)
- D'Zwangsaarbechterlager am Krich.
- Déi a Bëtong gefaasst Quell (2018)