Musée Guimet
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Musée Guimet, mam ganzen Numm Musée national des arts asiatiques - Guimet, ass e Musée am 16. Arrondissement zu Paräis.
E gouf 1889 op Initiativ vum Industriellen Émile Guimet opgeriicht, an ass haut de staatleche Musée fir Konscht aus Asien. E gouf 1960 vun der Jeannine Auboyer reamménagéiert; 1991 koum eng Dépendence bäi, déi Panthéon bouddhique genannt gëtt. Zum Musée gehéiert e klenge japanesche Gaart.
De Musée Guimet huet déi gréisst Sammlung vun asiatesche Konschtobjete baussent Asien.