Mylène Farmer
franséisch Sängerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mylène Farmer, gebuer als Mylène Jeanne Gautier den 21. September 1961 bei Montréal a Kanada, ass eng franséisch Sängerin, Songwriterin, Schauspillerin a Schrëftstellerin.
Mylène Farmer | |
---|---|
Gebuertsnumm | Mylène Jeanne Gautier |
Gebuer |
12. September 1961 Pierrefonds |
Nationalitéit | Frankräich, Kanada |
Educatioun | Cours Florent |
Aktivitéit | Liddermécher, Schrëftsteller, Sänger, Schauspiller, Dichter, Komponist, Museksproduzent, Geschäftspersoun, Kannerbuchauteur, Liddertexter |
Zanter Mëtt der 1980er Joren ass si d'Sängerin, déi déi meescht Placken a Frankräich verkeeft an hir Musek huet och e grousse Succès iwwer d'Grenze vun de franséischsproochege Länner ewech, haaptsächlech an Osteuropa. Am Ganzen huet si méi wéi 30 Millioune Placke verkaaft, dorënner 15 Milliounen Albumen. Si hält och de Rekord vun de meeschte Singelen un der Spëtzt (21) an an den Top 10 (58) vun de franséische Singlecharts (Stand: 2023).
Si mécht ganz rar ëffentlech Optrëtter a refuséiert all Informatioun iwwer hiert privat Liewen, mä huet sech mat spektakuläre Museksvideoen an Tournéeën eng speziell musikalesch Welt geschaf.