Neizäit
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ufank vun der europäescher Neizäit ass jee no Historiker ënnerschiddlech. Sou gëtt entweeder de Fall vu Konstantinopel am Joer 1453 genannt, oder awer och d'Entdeckung vun Amerika vum Christoph Kolumbus am Joer 1492. Bei verschiddenen - a virun allem däitschen - Historiker zielt als Ufanksjoer 1517: dem Luther seng Reformatioun.
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Weider verbonnen Zäsure sinn d'Erfindung vum Buchdrock mat beweegleche Letteren aus Bläi ("Stempelen", wou ënnen - a Spigelschrëft - jeeweils ee Buschtaf war), souwéi den Humanismus an d'Renaissance.
Déi Epoch geet op en Enn mam Ufank vun der Franséischer Revolutioun am Joer 1789.
De Begrëff Neizäit, oder éischter Temps modernes bei eise franséischen Noperen, gouf vun de Leit vun der Zäit selwer an d'Welt gesat, als Géigesaz zum angeblech "däischtere" Mëttelalter vun deem sech déi nei, modern an humanistesch markéiert Bierger distanzéiere wollten.