Neutralitéit (International Politik)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ënner Neutralitéit versteet een d'Situatioun vun engem Staat, dee sech aus engem Krich tëscht zwéin oder méi anere Staaten eraushält, entweeder well e sech net wëll militäresch bedeelegen (wann en dat iwwerhaapt dierft) oder well e kee vun den anere Staate wëll ënnerstëtzen.
D'Neutralitéit ka fräi gewielt sinn, kann awer och opgedroe gi sinn, fir net "opgezwongen" ze soen. Se kann iwwregens arméiert oder awer onbewaffnet sinn.
Neutral Staaten an Europa sinn haut z. B. d'Schwäiz, Schweden, Finnland..., mat ënnerschiddlechen Originnen an Traditiounen. D'Neutralitéit verhënnert iwwregens net, datt d'Bevëlkerung oder souguer d'Regierung vun engem neutrale Staat am Fall vun engem Konflikt enger Säit géintiwwer méi Sympathie weist, wéi där anerer (op Däitsch schwätzt ee vu "wohlwollender Neutralität"; "neutralité bienveillante" op Franséisch).
Lëtzebuerg war selwer, duerch den internationalen Traité vun 1867 neutraliséiert a - wéinstens um Pabeier - ënnert d'Garantie vun de Signatärmuechten (ouni d'Belsch awer, well dee Staat selwer neutral ze sinn hat) gesat ginn. Dat huet den däitschen Noper awer weeder 1914 nach 1940 dovun ofgehalen, Lëtzebuerg z'iwwerfalen a jorelaang ze besetzen. Dofir huet d'Lëtzebuerger Regierung am Exil decidéiert, d'Neutralitéit opzeginn an der alliéierter Koalitioun bäizetrieden. Nom Krich huet Lëtzebuerg sech mat enger Arméi dotéiert an ass Grënnungsmember vum Bréisseler Pakt, vun der Atlantescher Allianz) a vun der Western European Union (WEO) ginn.