Nicolas Breisdorff
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Nicolas Breisdorff, gebuer den 28. August 1826 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 10. Mee 1892[1],[2], war e lëtzebuergesche Geeschtlechen a Politiker.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Nicolas Breisdorff | |
---|---|
Gebuer | 28. August 1826 |
Gestuerwen | 10. Mee 1892 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Zoumaachen
Hien huet vun 1840 bis 1848 an der Stad um Atheneum an duerno dräi Joer um Seminaire studéiert. Am September 1851 gouf hie Vikar zu Steesel, an am November 1853 Rédacteur-adjoint am Luxemburger Wort. Tëscht Juni 1855 an 1884 war hie Chefredakter vum Wort.
1881 gouf den Nicolas Breisdorff als Deputéierte vum Kanton Réiden an d'Chamber gewielt a war dat bis 1887[3].