Nicolas Strotz
lëtzebuergesche Politiker (CSV), Ingenieur a fréiere Basketballspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nicolas Strotz, gebuer den 18. Dezember 1940 zu Bieles[1], ass e lëtzebuergeschen “Ingénieur industriel” (fréier: Ingénieur technicien[2]), Politiker (CSV) a fréiere Basketballspiller.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Nicolas Strotz | |
---|---|
Gebuer | 18. Dezember 1940 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Ingenieur, Basketballspiller |
Zoumaachen
Am Oktober 1981 ass hien an de Gemengerot vun der Gemeng Welleschten gewielt ginn. Den 1. Januar 1982 gouf hie Buergermeeschter; dat ass hie bis 2005 bliwwen.[3] Vun 1989 bis 2004 war hien och nach Deputéierten an der Chamber.[1]
Hien ass bekannt och als Basketballspiller. 1964 war de Strotz am Kader vun der lëtzebuergescher Härebasketballnationalekipp, an huet zweemol fir d'Nationalekipp gespillt.[4] Hien ass Member vun der Association des anciens du basketball luxembourgeois a.s.b.l..[5]