Opbau vun der Äerd
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Äerd ass eng liicht ofgeflaachte Gestengskugel mat engem Metallkär. Ëm d'Äerd ass e Gasmantel, d'Atmosphär. D'Atmosphär geet ongeféier bis 500 km an d'Héicht.
Bis zur Äerdmëtt sinn et 6.371 km, an dat geschaten Äerdgewicht ass 5,96 Quadrimilliounen (5,9736•1024) kg. Den Ëmfang ass 40.075 km um Equator.