Orchideeën
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Famill vun den Orchideeën (Orchidaceae) huet méi wéi 25.000 Aarten, opgedeelt an zirka 850 Gattungen, an ass domat, no den Asteraceae, déi zweetgréisst Planzefamill. D'Orchideeë sinn iwwer d'ganz Welt ausser an der Antarktis verbreet, mä et ass an den Trope wou hiren Aarteräichtum am gréissten ass.
Dendrobium-Orchideeën | |
An anere Sproochen |
fr: Orchidées, Orchidacées de: Orchideen, Orchideengewächse |
---|---|
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
Räich | Planzeräich |
Iwwerofdeelung | Somplanzen |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Liliopsida |
Uerdnung | Asparagales |
Famill | Orchideeën |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Orchidaceae | |
Juss., (1789) |
Innerhalb vun de Bléieplanzen gehéiere se zu de Monokotyledonen, zu deenen och d'Grieser gehéieren. D'Orchideeë liewen a Symbios mat engem Champignon deen hir Wuerzelen emspënnt a se mat Nierstoffer aus dem Buedem versuergt.
Déi grouss Formen- a Faarwendiversitéit vun den Orchideeëbléien ass entstanen als Upassung un d'Ulackele vu Bestäuberinsekten. Vill vun hire Bléie bilden z. B. eng Landeplaz fir d'Insekten, anerer ginn sou wäit, mat hire Bléieblieder d'Form an d'Fierwung vun engem weiblechen Insekt z'imitéiere fir sou dee betreffende Männchen unzelackelen (z. B. d'Bommel).
Déi ganz Planzefamill krut hiren Numm duerch déi zwou hodefërmeg Wuerzelknolle vun der Gattung Orchis (gr.: ὄρχις „Hoden“).