Ostarbeiter
From Wikipedia, the free encyclopedia
Mam Begrëff Ostarbeiter goufen am "Drëtte Räich", besonnesch an de Joren 1942-1945 Leit aus de vun Däitschland besate Länner an Territoiren an Osteuropa (virun allem Polen, Wäissrussland, Ukrain, Russland, Baltesch Staaten) genannt, déi praktesch "vun der Strooss ewech", gefaange geholl goufen an an d'Reich deportéiert goufen, fir do gezwongen ze ginn, an de Fabrécken oder op de Felder ze schaffen. Si goufen, der "völkischer" Nazi-Ideologie no, als Zweet-Klass-Mënschen ugesinn an och sou behandelt; sou war et "Reichsdeutschen" streng verbueden, mat hinne Kontakt opzehuelen; och hir Iessensratioune ware méi kleng a vu méi schlechter Qualitéit wéi déi vun der "normaler" Bevëlkerung, a bei Fligeralarm hate se kee Recht op eng Plaz an engem Bunker.