Othon Decker
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Othon Decker, gebuer de 24. Juni 1886[1] a gestuerwen den 29. Januar 1963[2] zu Iechternach[3] am Alter vu 76 Joer, war e lëtzebuergeschen Zänndokter a Politiker.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Othon Decker | |
---|---|
Gebuer | 24. Juni 1886 |
Gestuerwen |
29. Januar 1963 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | LSAP |
Den Othon Decker war vun Iechternach.
Säi Staatsexame fir Zänndokter huet hien den November 1908 gemaach, zesumme mam Jean Weber vun Ëlwen.
Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 gouf hien eng éischt Kéier als Deputéierten aus dem Walbezierk Osten an d'Chamber gewielt an duerno wärend 40 Joer all Kéier erëmgewielt. Bis zum 2. Weltkrich huet hie kenger Partei ugehéiert; eréischt 1945 huet hie sech der LSAP ugeschloss[4].
Hie war vum 20. Mäerz 1925 bis de 16. Juni 1926 Generaldirekter (Minister) fir Sozialversécherung an Aarbecht an der Regierung Prüm.
Hie war vun 1914 bis 1960 Kantonalpresident vun de Pompjeeën aus dem Kanton Iechternach[5].