Syndicat de communes pour la promotion et le développement de la région du Sud
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Syndicat de communes pour la promotion et le développement de la région du Sud, kuerz PRO-SUD ass en interkommunale Syndikat am Kanton Esch-Uelzecht, deen den 19. Mee 2003 gegrënnt gouf, an an deem, bis op Fréiseng, Leideleng, Recken op der Mess a Réiser, all d'Gemenge vum Kanton Member sinn, souwéi zousätzlech och Käerjeng.
Séier Fakten
Zoumaachen
E bekëmmert sech ëm d'Promotioun vum Image vun der Süd-Regioun, nodeems do duerch Strukturwandel déi traditonell Industrien wéi d'Siderurgie an de Biergbau, staark zeréckgaangen oder ganz verschwonne sinn, an engagéiert sech fir Nohaltegkeet.
En huet säi Sëtz zu Esch-Uelzecht.