Parc Tony-Neuman
Park mat Arboretum um Lampertsbierg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Parc Tony-Neuman ass e Park mat Arboretum um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg. Den Tony Neuman huet de Park vun 1959 u vu sengem Gäertner Alphonse Hollman[1] hanner senger Villa uleeë gelooss.
Séier Fakten Lokalisatioun, Land ...
E Kierelter (Cornus mas) am Park | |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Lampertsbierg |
Koordinaten | 49°37'14,12"N, 6°6'38,81"O |
Ugeluecht | 1959 |
Bauhär | Tony Neuman |
Genannt no | Tony Neuman |
Zoumaachen
Per Testament huet den Neuman d'Villa mam Park dem Roude Kräiz hannerlooss. De Park Neuman gëtt vun der Stad Lëtzebuerg betreit an ass fir jiddwereen op.