Pausanias (Geograph)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pausanias war en anticke griichesche Geograph a Reesenden am 2. Joerhonnert eiser Zäit.
Dësen Artikel beschäftegt sech mam griichesche Geograph Pausanias. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Pausanias. |
De Pausanias ass am Ufank vum 2. Joerhonnert (~110/115) a Klengasien op d'Welt komm. Iwwer säi Liewen ass net vill gewosst, well d'antik Auteure schwätze quasi net vun him, an hie selwer verréit och net vill iwwer sech.
Hien huet warscheinlech säi Studium an enger vun de grousse Stied op der Egäisküst gemaach, déi ënner der Pax romana erëm opgebléit sinn, an e Foyer vu griichescher Kultur waren. Seng Formatioun war op allefall zolidd, hien huet all déi grouss klassesch Auteure kannt, geneesou wéi déi méi modern vu senger Zäit.
Wat hien am meeschten intresséiert huet, waren déi antik reliéis Aspekter: Statuen, Gebaier, Riten, Mythologie... .
De Pausanias ass vill an der griichescher Welt ronderëmgereest, an huet seng Erfarungen a sengem Wierk néiergeschriwwen.