Pierre-Éloi Schoué
lëtzebuergeschen Apdikter, Botaniker, a Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pierre-Éloi Schoué, gebuer den 9. September 1849 zu Konsdref a gestuerwen den 11. September 1919[1], war e lëtzebuergeschen Apdikter, Botaniker, a Politiker.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Pierre-Éloi Schoué | |
---|---|
Gebuer |
9. September 1849 Konsdref |
Gestuerwen |
11. September 1919 Köln |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Apdikter |
Zoumaachen
Hien hat 1874[2] déi Eecher Apdikt op der Eecher Plaz vum Jean Meyer iwwerholl, a wéi en 1890[2] opgehalen huet, huet en se un de Xavier Perlia weiderverkaaft. D'Apdikt huet deem säin Numm nach bis Enn vun den 2010er Jore behalen.
Vun 1888 u war hie Buergermeeschter vun der deemoleger Gemeng Eech, bis en 1911 ofgesat gouf, well en d'Ausféierungsbestëmmungen net genee genuch agehalen hat[1]. Hie war vun 1902 bis 1908 Deputéierten an der Chamber.
Als Undenken un de Schoué ass 1959 eng Strooss um Kierchbierg no him genannt ginn: d'Rue Pierre-Éloi Schoué[3].