Pierre Blanc
lëtzebuergesche Moler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pierre Blanc, gebuer de 6. Juni 1872 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 30. Mäerz 1946, war e lëtzebuergesche Moler.[1]
Pierre Blanc | |
---|---|
Gebuer |
6. Juni 1872 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
30. Mäerz 1946 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Enseignant |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
Hien huet an der Stad op De Kolléisch, duerno op den Akademien zu München, a méi spéit och zu Prag a Paräis, Konscht studéiert. 1898[2],[3] gouf hien Zeecheprofesser an der Handwierkerschoul, an ass dat bis zu senger Pensioun, 1936, bliwwen[1]. Dertëschent - vun 1912 bis 1917 - war hie Chargé de cours am deemolege Meedercheslycée.
De Pierre Blanc huet sech am Juni 1903 mat der Marie-Louise David vu Bréissel bestuet. D'Koppel krut zwee Kanner: den Nicolas-Léon-Louis (1903 - 1931) an d'Marie-Marguerite (1909 - ?).
Vun 1906 bis 1910 a vun 1920 bis 1927 war de Pierre Blanc President vum Cercle artistique de Luxembourg, wouvun en och ee vun de Grënnungsmembere war. Seng Spezialitéit ware Portraiten. Mä och Landschaftsbiller a Buchillustratiounen (wéi z. B. vum Batty Weber sengem Inseltraum oder dem Auguste Liesch senger Maus Ketti) huet hie gemoolt. Och dokumentaresch Zeechnungen huet hie gemaach, wéi z. B. vun de Lëtzebuerger Prënzen a Béimen. Weiderhi sinn Timberen, Medailen a Geldschäiner vun him geschaf ginn.[1]
Eng aner vu senge Spezialitéite war den Entworf vun Exlibrissen.
1911 huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.[1]
Hien huet verschidde Portraite vun historesche Gestalten am Arthur Herchen sengem Manuel d'Histoire nationale gezeechent.
De Pierre Blanc ass den 30. Mäerz 1946 um Belair an der deemoleger Rue des Iris (haut: Rue Albert-Philippe) gestuerwen. Fir un hien z'erënnere gouf zu Bouneweg d'Rue Pierre-Blanc, tëscht dem Boulevard de la Fraternité an der Rue Auguste Charles, no him benannt.[1]