Pierre Kirsch
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pierre Kirsch, gebuer den 18. Dezember 1832 zu Wickreng a gestuerwen den 29. Juli 1911 zu Fluessweiler, war e lëtzebuergesche Politiker.[1]
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Pierre Kirsch | |
---|---|
Gebuer |
18. Dezember 1832 Wickreng |
Gestuerwen |
29. Juli 1911 Fluessweiler |
Aktivitéit | Politiker |
Zoumaachen
Hie war 50 Joer Buergermeeschter vun der Gemeng Reckeng op der Mess.[1]
Hie gouf den 12. Januar 1875 noum Doud vum Nottär an Deputéierte Victor Wolff als Vertrieder vum Kanton Esch-Uelzecht als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Hie gouf bei de Wale vun 1878, 1884 an 1890 jeeweils erëmgewielt.[1]