Pius XI.
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pius XI., gebuer den 31. Mee 1857 zu Desio (Lombardei), a gestuerwen den 10. Februar 1939 zu Roum, biergerlechen Numm Achille Ambrogio Damiano Ratti, war Poopst vun 1922 bis 1939.
Pius XI. | |
---|---|
Gebuertsnumm | Achille Ambrogio Damiano Ratti |
Gebuer |
31. Mee 1857 Desio |
Gestuerwen |
10. Februar 1939 Vatikanstad |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Kinnekräich Italien |
Educatioun |
Gregorianesch Peepstlech Universitéit, Universitéit La Sapienza |
Aktivitéit | Priister, Bibliothecaire, Alpinist, kathoulesche Bëschof |
Den Theolog Ratti gouf 1879 zum Paschtouer geweit, als dräifach promovéierte Geléierten (Dr. jur. Dr. theol. Dr. phil.) 1882 zum Professer zu Mailand beruff an 1888 Bibliothecaire an der Ambrosiana zu Mailand. Am Joer 1907 gouf hien de Prefekt vun der Ambrosiana, mä gouf awer schonn 1911 vum Poopst Pius X. op Roum geruff. Do gouf hien zunächst Vizeprefekt an 1914 Prefekt vun der Vatikanescher Bibliothéik. Am Joer 1918 huet hien de Poopst Benedikt XV. (obschonn hie keng diplomatesch Erfarung hat) zum Apostolesche Visitator am Regentschaftskinnekräich Polen ernannt, duerno 1919 zum Nuntius zu Warschau an Titular-Äerzbëschof vu Lepanto. D'Bëschofswei war zu Warschau. Als eenzegen akreditéierten Diplomat ass den Nuntius wärend der Belagerung vun der Rouder Arméi am Polnesch-Sowjetesche Krich (1919-1921) an der Haaptstad bliwwen. Doduerch konnt hien e grousse Respekt ënner den Diplomaten an d'Léift vun de Pole gewannen. 1920 gouf de Ratti zousätzlech peepstleche Kommissär fir d'Ofstëmmungsgebidder Uewerschlesien, Ostpreisen a Westpreisen. An där Funktioun huet seng Neutralitéit béid Säite rose gemaach, a sou gouf hien 1921 zeréckgeruff, fir Äerzbëschof vu Mailand ze ginn, a kuerz drop Kardinol mat der Basilika San Martino ai Monti als Titelkierch. Nom iwwerraschenden Doud vum Poopst, gouf de Mailänder Kardinol schonn de 6. Februar 1922 no enger Konklav vu véier Deeg am 14. Walgang zum Poopst gewielt an den 12. Februar 1922 gekréint. Am Konklav stounge sech, wéi sou dacks am Kardinolskollegium an der méi jonker Poopstgeschicht, fromm Äiferer ("zelanti", bes. Merry del Val) an éischter diplomatesch "Politiker" ("politicanti", bes. Pietro Gasparri) géintiwwer. Déi androcksvoll Perséinlechkeet vum Kardinol Ratti konnt béid Säiten iwwerzeegen.