Porquerolles
franséisch Insel / From Wikipedia, the free encyclopedia
Porquerolles ass eng franséisch Insel am Mëttelmier. Et ass déi gréisst an déi westlechst vun den dräi Hyères-Inselen. Porquerolles läit am Beräich vun der Côte d'Azur net wäit vun Toulon an erstreckt sech iwwer eng Fläch vu 1.254 ha. Si huet d'Form vun engem Bou, dee sech vun Osten no Weste spaant a 7,5 km laang a 3 km breet ass. Si huet een Ëmfang vu ronn 30 km. Hiren héchste Punkt erreecht 142 Meter. Porquerolles ass liicht a puer Minutte vun der Hallefinsel Giens, vum franséische Festland mam Schëff aus z'erreechen.