Prix Grand-Duc Adolphe
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Prix Grand-Duc Adolphe ass e Konschtpräis, deen zu Lëtzebuerg all zwee Joer (virun 1995: all Joer) un een oder méi Kënschtler vergi gëtt, déi um Salon artistique vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) ausgestallt hunn.
De Präis ass genannt nom Groussherzog Adolphe vu Lëtzebuerg, deen en 1902, op Initiativ vu senger Fra, der Adélaïde-Marie, déi selwer Molerin war, an d'Liewe geruff huet.