Provënz Limburg (Belsch)
belsch Provënz / From Wikipedia, the free encyclopedia
Limburg ass eng vun den 10 belsche Provënzen, am Nordoste vum Land. Se grenzt un Holland (am Norden an am Osten), méi genee un d'hollännesch Provënze Limburg an Nordbrabant, an, an der Belsch, am Westen un d'Provënz Antwerpen an un de Flämesche Brabant an am Süden, a Wallounien, un d'Provënz Léck. Zu der Provënz Limburg gehéiert och Voeren (fr.Fourons), eng Enklav tëscht Holland an der Provënz Léck, déi ëmmer nees fir Problemer am belsche Sproochesträit geféiert huet.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der belscher Provënz Limburg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Limburg. |
Séier Fakten Land, Regioun ...
Provënz Limburg | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Flandern |
Communautéit | Flämesch |
Chef-lieu | Hasselt |
ISO 3166-2 | BE-VLI |
Awunner | 870.880 (1. Januar 2018) |
Fläch | 2.422,14 km² |
Arrondissementer |
Arrondissement Hasselt Arrondissement Maaseik Arrondissement Tongeren |
Websäit | http://www.limburg.be |
Zoumaachen
D'Provënz ass 1839 entstanen, wéi, duerch den Traité vu London, d'Provënz Limburg tëscht Holland an der Belsch gedeelt gouf, woubäi d'Meuse als Grenz geholl gouf.