FC Luxembourg City
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den FC Luxembourg City (Football Club Luxembourg City) ass e lëtzebuergesche Foussballclub aus der Stad Lëtzebuerg. De Veräi gouf de 26. Mäerz 2004 als FC RM Hamm gegrënnt an ass d'Resultat vun der Fusioun tëscht de Stater Clibb FC Hamm 37 an FC RM 86. D'historesch Wuerzele vum Veräi leien am Oste vun der Stad, an de Quartieren Zens, Hamm, Neiduerf a Clausen.
FC Luxembourg City | ||||
Offiziellen Numm: | Football Club Luxembourg City | |||
---|---|---|---|---|
Grënnung: | 26. Mäerz 2004 als FC RM Hamm | |||
Stadion: | Terrain de Football Cents, Fetschenhaff-Cents | |||
Plazen: | 2 800 | |||
President: | Cyril Cayez | |||
Trainer: | Thomas Gilles | |||
Saison: | 2022/23 | |||
Positioun: | 14. Éirepromotioun (II) | |||
|
Nëmmen eng gutt 2 Joer no der Fusioun gouf decidéiert den Numm an de Logo vum Club z'änneren. Zanter dem 10. Mee 2006 heescht de Veräin offiziell FC RM Hamm Benfica. Domat war een am Gespréich, d'Ännerung huet awer virop dofir gesuergt datt d'Zuel vun de Supporteren aus der portugisescher Communautéit zanterhier staark an d'Luucht gaangen ass.[1]
Den RM Hamm Benfica huet zwéi Championnatsterrainen: de Stade Hans Sowa zu Hamm an den Terrain um Fetschenhaff-Zens.
D'éischt Seniorsekipp vum RMHB huet 2004/05 fir d'éischt Championnat gespillt. No 3 Joer Éierepromotioun ass de Veräi fir 2007/08 fir d'éischt Kéier an der Nationaldivisioun.