Rakéit
Fluchkierper mat Réckstoussundriff / From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Rakéit (vun der italieenescher Sprooch rocchetta „Spëndel“) ass e Fluchkierper mat Réckstoussundriff (Rakéitenundriff), dee vu senger Ëmgéigend onofhängeg ass an dofir och am lofteidele Raum d'Vitess vergréissere kann. Rakéiten, déi eng grouss Eegesteierung hunn an z. B. beweeglechen Ziler noginn, ginn och als Lenkfluchkierper bezeechent. Am Géigesaz zu Geschosser hu Rakéite laang Vitessphasen. Wéinst der doduerch däitlech manner staarker Belaaschtung kann d'Struktur vun der Rakéit liicht gehale ginn.
Bei Rakéiten reechen d'Gréisstenuerdnunge vu Feierwierksrakéite bis hin zu der riseger Energija oder der Saturn V, déi am Apollo-Programm beim bemannte Fluch op den Äerdmound agesat gouf.