Rammstein
däitsch Museksgrup / From Wikipedia, the free encyclopedia
Rammstein ass eng däitsch Museksgrupp vun Ostberlin. Si ass besonnesch bekannt fir hir martialesch Texter an hir Pyroshowe bei hire Concerten. Hire Musekstil, dee si Danz-Metal nennen, huet Elementer vun Alternative Metal, Industrial an Usätz vun Neue Deutsche Härte a Punkrock.
00 | De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
D'Grupp besteht aus dem Till Lindemann (Gesank, Liddtexter), dem Richard Z. Kruspe (Leadgittar), dem Paul Landers (Rhythmusgittar), dem Oliver Riedel (E-Bass), dem Christoph "Doom" Schneider (Perkussioun) an dem Christian "Flake" Lorenz (Keyboard).