Raschpëtzer
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Raschpëtzer am Gréngewald an der Gemeng Walfer sinn en ënnerierdeschen Aqueducsystem, dee fir d'Waasserversuergung vun der Réimervilla tëschent Helsem an Heeschdref benotzt gouf; dës Villa ass nach net ausgegruewen. D'Raschpëtzer goufen ëm 130 n. Chr. a Qanat-Technik gebaut a ware bis ca. 350 n. Chr. a Betrib. D'Qanat-Technik hat hiren Ursprong virun ca. 3000 Joer am Iran an huet sech iwwer d'arabesch Hallefinsel an d'réimescht Räich ausgebreet.
D'Anlag vun de Raschpëtzer ass imposant absënns wéinst hiren Dimensiounen, mat enger geschater Totallängt vu 720 m, wouvun der bis uganks den 2020er Joren 310 erfuerscht sinn, a virun allem wéinst hirer Déift vu bis zu 36 m ënner der Äerduewerfläch. Besonnesch d'Déift charakteriséiert d'Anlag a mécht se an hirer Aart eenzegaarteg, well änlech Qanaten aus réimescher Zäit zu Lëtzebuerg (Näerzeng, Éimereng, Fréiseng) an am Tréierer Raum (Tréier, Pölich, Talling....) allkéiers nëmmen tëscht 6 an 12 m déif waren.
D'Raschpëtzer bestinn aus bis ewell 13 bekannte vertikale Schächt, déi ënnerenee mat engem horizontalen Tunnel verbonne sinn an um Fong iwwer enger impermeabeler Mergelschicht e Waasserkanal hunn. Si féieren haut nach Waasser, dat Drénkwaasserqualitéit huet, awer net méi säin Zil bis bei d'réimesch Villa erreecht.
Den 22. November 2019 goufe s'als nationaalt Monument klasséiert.