Raymond Clement
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Raymond Clement, gebuer den 23. Dezember 1944 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Fotograf. D'Natur am Allgemengen, Beem, Bléien a Wolleken am Speziellen, sinn nieft Jazzmuseker d'Sujete, déi de Raymond Clement am léifsten mat senge Kamerae festhält.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Raymond Clement | |
---|---|
Gebuer | 23. Dezember 1944 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Famill | |
Kanner | Maurice Clement |
Zoumaachen
Bekannt ass de Raymond Clement och wéinst senger Jazzsendung, déi hien tëscht 1977 an 2001 op RTL Radio animéiert huet.
De Raymond Clement schafft zesumme mat der Kënschtleragentur ARTmadeinluxembourg A.s.b.l.
Hien ass de Papp vum Organist Maurice Clement.