Resistenz zu Lëtzebuerg
From Wikipedia, the free encyclopedia
Wéi Lëtzebuerg am Joer 1940 vun Nazi-Däitschland besat an de facto annektéiert gouf, huet d'Nationalbewosstsinn lues a lues ugefaangen z'erwächen. Vun 1941 un hu sech déi éischt Resistenzlergruppen, wéi de Letzeburger Ro'de Lé'w oder d'PI-Men forméiert. Am Ënnergrond hu se heemlech géint déi däitsch Besatzung geschafft, politesch Flüchtlingen a sougenannt "Wehrdienstverweigerer" iwwer d'Grenz bruecht an d'Lëtzebuerger Bevëlkerung mat patriotesche Fluchziedelen op deenen dacks de "Roude Léiw" oder d'Groussherzogin Charlotte ze gesi waren, opgemontert fir duerchzehalen.
Wéi an den Nopeschlänner och, waren d'Originnen, zemools déi ideologesch, vun deene verschiddene Resistenzler a Resistenzgruppen, ganz ënnerschiddlech: se gounge vun deenen, déi d'Nazi-Ideologie u sech bekämpfenswäert fonnt hunn, bis zu deenen, bei deenen d'Fräiheet vum Land an éischter Linn stoung. Sou huet hiert politescht Spektrum dann och vun chrëschtlech-patriotesche Stréimungen bis hin zu de Kommuniste gereecht.