Reykjavík
Haaptstad vun Island / From Wikipedia, the free encyclopedia
Reykjavík (IPA: [ˈreiːcaˌviːk]) (isl. Dampbucht) ass d'Haaptstad vun Island an déi nërdlechst Haaptstad vu Westeuropa net wäit vum nërdleche Polarkrees ewech. Am Wanter huet Reykjavík nëmme 4 Stonnen Dagesliicht, am Summer sinn d'Nuechte bal sou hell wéi den Dag.
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Stad Reykjavik Reykjavíkurborg | ||
---|---|---|
Land: | Island | |
Koordinaten: | 64° 08' 00" N 21° 56' 00" W | |
Fläch: | 274,5 km² | |
Awunner: | 119.108 (2011) | |
Bevëlkerungsdicht: | 434 Aw./km² | |
Héicht: | 0 m | |
Zäitzon: | UTC+/-0 |
D'islännesch Bezeechnung Dampbucht kënnt warscheinlech vun den Dämp vun de waarme Quellen aus der Ëmgéigend a gëtt engem Mëssverständnes vum éischte Bewunner Ingólfur Arnarson zougeschriwwen.
An der Stad sinn déi meescht Fakultéite vun der Universitéit vum Land, a verschidden aner Héichschoulen, Theater, Muséeën a Kulturariichtungen, souwéi en Héichséihafen. Matzen an der Stad läit e klenge Séi, den Tjörnin. Dee Séi ass zugläich och eng vun de gréisste Brutplaze fir Waasservullen am Südweste vun Island.