Richtung
From Wikipedia, the free encyclopedia
Mat der Richtung kann d'Positioun oder d'Wierkungs- oder Beweegungszil vun enger Plaz, engem Objet, engem Individuum beschriwwe ginn.
D'Richtung kann ofhängeg vun der aktueller Beweegung oder vum Standpunkt (z. B. Riets a lénks, uewen, ënnen, riichtaus), a Bezuch op en Objet oder enger anerer Plaz (z. B. a Richtung vum Bierg, a Richtung Lëtzebuerg) oder a Bezuch op d'Äerdachs (Norden, Osten, Süden, Westen) beschriwwe ginn.
An der Geometrie gëtt d'Richtung mat Hëllef vun engem norméierten Richtungsvektor ausgedréckt, an der Differentialrechnung gëtt si duerch d'Steigung (éischt Ofleedung) vun enger Funktioun uginn.
An der Geodesie versteet een ënner Richtung deen um Horizontalkrees ofgeliesene Wäert, nodeem een mat dem Zilteleskop vun engem Theodolit e Punkt uviséiert huet. En Horizontalwénkel berechent sech aus der Differenz vun zwou Richtungen (riets minus lénks Ofliesung), d. h. déi béid Richtunge formen d'Schenkelen vun engem Wénkel.
An der Tountechnik gëtt d'Richtungshéiere vu Phantomschallquellen op der Stereobasis tëscht de Lautspriecher an och beim natierlechen Héieren net mat Ortung mä mat Lokalisatioun bezeechent.
Zu der Richtungsmiessung sti verschidden Instrumenter zur Dispositioun.