Rol Gelhausen
lëtzebuergesche Schrëftsteller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Roland "Rol" Gelhausen, gebuer den 21. November 1959 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Auteur fir Cabaretsprogrammer. Als Beruff huet en Electromecanicien geléiert.
Rol Gelhausen | |
---|---|
De Roland Gelhausen (2013). | |
Gebuer |
21. November 1959 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Säin éischten Optrëtt hat hien 1975 beim Duerftheater Kanech. 1980 Grënner vum Kanecher Kabaret.
Zanter 1984 ass en Auteur an Acteur bei de Cabaretsensemblen JB mat Äis an MM1.
Hien ass och Auteur fir aner Ensembelen, wéi d'Lëtzebuerger Revue, de Kabarä Feierstëppler an d'Makadammen.
Niewebäi huet hien Optrëtter bei Theater-, Lauschterspill- a Fernseeproduktiounen.
Nom Programm Neuros 2000 vu JB mat Äis huet hien de Cabaretsensembel Cabarenert gegrënnt. Programmer: Onkraut vergeet net - Endstatioun Geenzuucht - Fixfeier - Maach d'Kräiz... an alles bleift besser - Schwamm driwwer an Alles am A... matgeschriwwen a matgespillt.