routwäissgro
From Wikipedia, the free encyclopedia
routwäissgro ass eng Serie vun am Ganzen 72 Dokumentarfilmer, déi vum Kollektiv 13 entwéckelt gouf, an déi tëscht dem 1. Mäerz 2015 an dem 29. Juni 2020 op RTL Télé Lëtzebuerg gewise gouf. All Episod dauert 26 Minutten a weist - onkommentéiert - den Alldag vun ënnerschiddlechste Persounen an hirem jeeweilege sozialen Ëmfeld.
De Projet routwäissgro gouf an enger éischter Phas mat engem Budget vun 880.000 Euro dotéiert, deen zu gläichen Deeler vum Lëtzebuerger Film Fund a vun RTL Télé Lëtzebuerg gedroe gouf.
Ufanks ware 24 Episode virgesinn. Vum Hierscht 2016 bis Summer 2018 u koum eng zweet Saison mat 24 neier derbäi, a vum Hierscht 2018 bis Juni 2020 eng drëtt Saison mat nach eng Kéier 24 neien Episoden[1].