Rumm-Befestegungen
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Rumm-Plateau ass eng Héicht ëstlech vun der Stad Lëtzebuerg, op deem e gréisseren Areal läit, dee vum Bau vun der Wenzelsmauer bis zum Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg exklusiv militäresch benotzt gouf. Am Dall westlech an nërdlech läit de Staddeel Gronn. De Plateau gëtt duerch den Uelzechtdall zu dräi Säiten hi begrenzt. De Floss kënnt vun Osten, fléisst laanscht d'Polvermillen an de Gronn a mécht dann do eng Schleef, an där de Plateau läit. No Oste läit haut de Quartier Zens vun der Stad Lëtzebuerg, duerch deen d'Tréierer Strooss féiert, déi fréier Haaptverbindung tëscht der Stad an Tréier. De Plateau gouf vum Enn vum 14. Joerhonnert u befestegt, bis an d'19. Joerhonnert goufen déi Befestegunge weider ausgebaut.