SES (Entreprise)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'SES S.A.[4], ass eng lëtzebuergesch Entreprise, déi eng Satellitteflott bedreift, iwwer déi Televisiouns- Radios- a Multimediaprogrammer, an och Telekommunikatiounsservicer direkt un d'Ennverbraucher ("Direct to Home", DTH) ausgestraalt ginn.
Séier Fakten Typ, Grënnungsdatum ...
SES S.A. | |
---|---|
Typ | Aktiegesellschaft |
Grënnungsdatum | 1. Mäerz 1985 |
Sëtz |
Château de Betzdorf L-6815 Betzder Lëtzebuerg |
Leedung |
Frank Esser (President vum Verwaltungsrot)[1] Adel Al-Saleh (CEO)[2] |
Ëmsaz | 2.103.000.000 (2018)[3] |
Branche | Satellittebedreiwer |
Homepage | www.ses.com |
Zoumaachen
Si ass op der Bourse vu Lëtzebuerg an op där vu Paräis quotéiert. De Lëtzebuerger Staat ass mat 16,7 % vun de Stëmmrechter de Referenzaktionär.
Hire Sëtz huet d'SES um Schlass Betzder. President a Generaldirekter war, bis Abrëll 2014, de Romain Bausch. Tëscht 2014 an 2018 war de Karim Michel Sabbagh de CEO. Zënter 2024 ass et den Adel Al-Saleh.