SG Wattenscheid 09
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'SG Wattenscheid 09 (offiziell: Sportgemeinschaft 09 Wattenscheid) ass e Foussballsveräin aus dem Bochumer Bezierk Wattenscheid. De Veräi gouf 1909 gegrënnt an huet ronn 1000 Memberen. D'Veräinsfaarwen si schwaarz a wäiss. De Stadion vum Club ass de Lohrheidestadion. Déi éischt Foussballsekipp spillt zënter dem Ofstig 2023 an der fënnefter däitscher Spillklass: d'Oberliga Westfalen. Tëscht 1990 an 1994 hunn d'Wattenscheider an der Bundesliga gespillt, 20 Joer laang hu se an der zweeter Divisioun gespillt. 1945 ass Wattenscheid 09 fir d'éischte Kéier éischtklasseg ginn. Vun 1973 bis 2010 gouf et och eng Dammefoussballsektioun am Veräin.
Méi Informatiounen Offiziellen Numm:, Veräinsfaarwen: ...
SG Wattenscheid 09 | ||||
Offiziellen Numm: | Sportgemeinschaft 09 Wattenscheid e.V. | |||
---|---|---|---|---|
Veräinsfaarwen: | Schwaarz-Wäiss | |||
Grënnung: | 18. September 1909 | |||
Stadion: | Lohrheidestadion | |||
Plazen: | 16.233 | |||
President: | Christian Fischer | |||
Trainer: | Christian Britscho | |||
Meescht Goler: | Ewald Hammes (119) | |||
Liga: | Oberliga Westfalen | |||
Saison: | 2022/23 | |||
Positioun: | 17. Plaz (Ofgestigen) | |||
Websäit: | sgwattenscheid09.de | |||
|
Zoumaachen