Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen
Interkommunale Syndikat / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen, besser bekannt ënner dem Akronym SIDOR, ass en interkommunale Syndikat. Et ass nieft dem SIDEC an dem SIGRE ee vun den dräi Syndikater zu Lëtzebuerg, dee sech ëm d'Offallgestioun këmmert. Bei der SIDOR si 34 Gemenge aus dem Süden an dem Zentrum vu Lëtzebuerg Member.
Séier Fakten Secteur, Leedung ...
D'SIDOR Verbrennungsanlag zu Leideleng (2012) | |
Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen | |
---|---|
Secteur | Offallgestioun |
Leedung | Patrick Goldschmidt |
Verwaltungssëtz | Leideleng |
Gegrënnt | 18. Juni 1971 |
Websäit | https://www.sidor.lu/ |
Zoumaachen
Dem Syndikat seng Statute goufen duerch en Arrêté grand-ducal vum 25. November 1991, (Mémorial B N° 55 vum 10 Dezember 1991, Säit 1040) festgehalen.
D'SIDOR ass zanter November 2019 als ëffentlecht Etablissement am Handelsregëster ageschriwwen[1].