Saulxures-sur-Moselotte
From Wikipedia, the free encyclopedia
Saulxures-les-Moselotte ass eng franséisch Gemeng an de Vogesen an der Regioun Grand Est.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Vue iwwer Saulxures | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Vosges | ||||
Arrondissement | Épinal | ||||
Kanton | La Bresse | ||||
Koordinaten | 47° 57’ 00’’ N 06° 46’ 11’’ O | ||||
Fläch | 3.106 ha | ||||
Bevëlkerung | 3.291 (1999) |
D'Gemeng gehéiert zu den 198 Gemengen déi de Parc naturel régional des Ballons des Vosges bilden.
D'Awunner gi Saulxurons genannt.
Bis 1867 huet d'Uertschaft Saussures en Vosges geheescht.
Saulxures-sur-Moselotte läit am Dall vun der Moselotte, engem Niewefloss vun der Musel, mat ronderëm héije Koppe mat Bëscher. D'Uertschaft läit op enger Héicht vu 450 Meter (Niveau vum Séi). Déi héchst Plaz an der Gemeng ass den Haut du Roc am Norde vun der Gemeng an op der Grenz mat der Gemeng Basse-sur-le-Rupt.
Duerch den Dall ass se un Verkéier ugeschloss iwwer d'Departementale D43 déi vu Saint-Amé op Cornimont féiert.
Fir soss um kierzte Wee an déi aner Nopeschuertschaften ze komme geet et nëmmen iwwer de Bierg. Do kommen dann en ettlech Collen a Fro:
- De Col du Xiard (786 m) fir op Vecoux
- De Col de Mobieu (790 m) fir op Lettray
- De Col de la Sure (741 m) fir op Ferdrupt a Remanvillers
- De Col du Ménil (621 m) fir op Le Thillot
- De Col d'Oderen (884 m) fir op Kruth
- De Col de la Burotte (790 m) fir op Planois
- De Col des Thayeux fir op Basse-sur-le-Rupt
- De Col des Hayes fir op d'Departementale D34 tëscht Basse-sur-le-Rupt a La Bresse