Scheierhaff (Veianen)
Lieu-dit am Nordoste vu Veianen / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Scheierhaff (lokal: Scheierhof[1]) ass e Lieu-dit am Nordoste vu Veianen deen op enger Héicht vun 374 Meter läit. En huet den Numm vum Haff dee laang Zäit dat eenzegt Gebai do war. De Flouer vum Scheierhaff grenzt am Nordosten un Däitschland, am Süden un de Bësch mam Numm Déifendellt, am Südwesten ass den Hank vum Roupischbierg mat der Quell vun der Kalchesbaach. Am Nordweste läit de Bësch Greecht, an am Norden déi nei Cité Scheierhaff. Et kënnt een op de Scheierhaff iwwer den CR344 (Rue du Sanatorium), deen zu Veianen am Zentrum vun der N10 (Rue de la Gare) fortgeet.
Séier Fakten Scheierhaff Scheierhof, Aussprooch ...
Scheierhaff Scheierhof | |
---|---|
De Scheierhaff bei Veianen | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Scheuerhof de: Scheuerhof |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Veianen |
Gemeng | Veianen |
Buergermeeschter | François Weyrich |
Fläch | 318,1190 ha |
Koordinaten |
49° 56’ 21,9’’ N 06° 13’ 03,4’’ O |
Zoumaachen