Schlass de Colnet d'Huart
fréiert Schlass zu Bartreng / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Schlass de Colnet d'Huart ass e Schlass zu Bartreng dat ëm 1785 vum Baron Jacques Philippe Joseph d'Huart (1745-1816) gebaut gouf. Duerno huet säi Bouf Jean-François-Joseph d'Huart, Buergermeeschter vu Bartreng[1], dra gewunnt.
D'Haaptgebai vum Schlass (2020) | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Bartreng |
Plaz | Bartreng |
Koordinaten | 49°36'49,14"N, 6°3'2,77"O |
Datum vum Bau | 1785 |
Proprietär | Croix-Rouge luxembourgeoise |
No sengem Doud am Joer 1837, gouf den Domaine sengem Schwoer Victor Theresia George Chelaincourt verkaf, dee mat der Auguste Elisabeth Sophia d'Huart bestuet war. Déi nei Besëtzer hunn den Alexander de Colnet adoptéiert an hie krut de Privileeg „d'Huart“ u säin Numm drun ze hänken. D'Schlass gouf méi spéit u säi Fils verierft a well dee keng Nokommen hat, gouf en éischten Deel 1944 un d'Rout Kräiz vermaacht. Den zweeten Deel huet d'Rout Kräiz dunn 1948 kaaft. No enger kompletter Renovatioun ass zanterhier ënnert dem Numm Fondation de Colnet d'Huart a Kannerheem am Schlass.
Hautdesdaags sinn d'Crèche Kannervilla grad ewéi verschidde Service vum Roude Kräiz (Solidarité Internationale, Familjenhëllef) am Schlass.