Schweebecher Bréck
Lieu-dit an der Gemeng Sëll / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Schweebecher Bréck ass e Lieu-dit, ca 150 m ëstlech vu Schweebech an der Gemeng Sëll. E läit direkt op der Nationalstrooss 12, déi schnouerriicht doduerch geet, tëscht den Uertschafte Sëll a Räichel.
Séier Fakten An anere Sproochen, Land ...
Schweebecher-Bréck | |
---|---|
D'Schweebecher Bréck (2015) | |
An anere Sproochen | fr: Schwebach-Pont |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Sëll |
Buergermeeschter | Gérard Zoller |
Koordinaten |
49° 44’ 49’’ N 05° 58’ 28’’ O |
Zoumaachen
Op der Schweebecher Bréck steet eng Auberge an e Gebai vun der Post mat techneschen Telefonsariichtungen.
Den Numm kënnt dohier well do d'Strooss iwwer eng kleng Bréck iwwer d'Baach Schweebech geet (ca 60 m südlech vun der Auberge).