Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften
From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi Kinneklech Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften (schweedesch: Kungliga Vetenskapsakademien) kuerz KVA – ass déi héchst wëssenschaftlich Ariichtung a Schweden, déi sech zur Aufgab geholl huet, Wëssenschaften, virun allem Naturwëssenschaften a Mathematik, z'ënnerstëtzen.
Grënnungsdatum | 1739 |
Leedung | Bo Sundqvist (Rektor) |
Plaz vun der Ariichtung | Stockholm, Schweden |
Websäit | www.kva.se |
Déi Kinneklech Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften huet hire Sëtz an der schweedescher Haaptstad Stockholm an ass weltwäit bekannt fir d'Ernennung vun de Nobelpräisdréier a Physik, Chimie, souwéi dee vun der Schweedescher Räichsbank gestëfte Präis vun der schweedescher Räichsbank fir Wirtschaftswëssenschaften an Erënnerung un den Alfred Nobel.
Zesumme mat dem Institute of Physics gëtt déi Kinneklech Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften am Optrag vun de Wëssenschaftsakademien an de Physik-Gesellschafte vun de skandinavesche Länner, d'Zäitschrëft Physica Scripta eraus.