Scouten zu Lëtzebuerg
From Wikipedia, the free encyclopedia
Zu Lëtzebuerg gëtt et dräi Scoutsverbänn:
- Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS)
- Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg (FNEL)
- Europa Scouten vu Lëtzebuerg (ESL)
Déi éischt béid si Member an der World Organization of the Scout Movement an d'ESL ass Member an der chrëschtlecher Union internationale des guides et scouts d'Europe (UIGSE), och nach bekannt als Fédération du scoutisme européen (FSE), wou d'Gruppen nach traditionell op Jongen a Meedercher opgedeelt ginn. Tëschenzäitlech gouf et och eng Grupp vun de Royal Rangers zu Lëtzebuerg.
De Scoutissem gouf vum Robert Baden-Powell gegrënnt an orientéiert sech a senger ursprénglecher Form streng um chrëschtleche Glawen. Hie war uganks nëmme fir Jonge reservéiert gewiescht, éier mam Guidissem e weibleche Pendant gegrënnt gouf.