Sender 1212
From Wikipedia, the free encyclopedia
Sender 1212, och Annie genannt, war e Radiosprogramm an däitscher Sprooch, dee vum Dezember 1944 bis kuerz viru Krichsenn, de 25. Abrëll 1945, vu Lëtzebuerg aus iwwer d'Anlage vu Radio Lëtzebuerg op der Laangwellefrequenz 1214,5 Meter nuets vun zwou bis sechs Auer Noriichten ausgestraalt huet an dee vum amerikanesche Militärgeheimdéngscht, dem Office of Strategic Services, bedriwwe gouf. De Verantwortleche fir de Sender 1212 war den Hans Habe; mat dobäi waren och de Stefan Heym an den Hanus Burger. Si hunn zu där Unitéit gehéiert, déi Ritchie Boys genannt gouf.
Dat Besonnescht un deem Sender war, datt déi ganz Zäit duerch sou gemaach gouf, wéi wann et en däitsche Resistenz-Radiosender wier, deen heemlech am Rheinland géif senden an dee géint den Hitler a fir en Enn vum Krich opgeruff huet. Domat fält en an d'Kategorie vun der sougenannter schwaarzer Propaganda, bei där, am Géigesaz zu der wäisser, verschleiert gouf wien dohanner stécht. Dës Fiktioun gouf bis zum Schluss oprechterhalen, wéi de Sender soit-disant vun amerikaneschen Truppen eruewert gouf.
Den Alfred Hitchcock hat sech nom Krich d'Filmrechter op där Episod geséchert, huet s'awer net verfilmt-