Servicer zu Lëtzebuerg
From Wikipedia, the free encyclopedia
Zu Lëtzebuerg ginn zu de Servicer gezielt:
- den Handel,
- d'Banken,
- déi aner Finanzinstituter,
- d'Assurancen,
- d'Agencen (Immobilienagencen ënner aneren) an
- d'Administratiounen.
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Am Kader vun der Reconversioun an Diversificatioun vun der Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur, a spéider am Laf vun der Entwécklung vu Lëtzebuerg als international Finanzplaz, ass den Undeel vun de Servicer un der nationaler Wäertschöpfung weider staark gewuess, vun 69,8 % am Joer 1985 op 81,5 % am Joer 2001. D'Tertiärisatioun vun der Wirtschaft gëtt am Lëtzebuerger Fall besonnesch däitlech.