Simone Beck
lëtzebuergesch Historikerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Simone Beck, gebuer den 12. Dezember 1950 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Professesch an Historikerin.
Simone Beck | |
---|---|
Gebuer |
12. Dezember 1950 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker |
Famill | |
Papp | Henri Beck |
Nom Studium vun der Geschicht, vun der Germanistik a vun der Altphilologie zu Freiburg am Breisgau gouf d'Simone Beck Professesch, d'éischt am Lycée technique Michel-Lucius (1975-1987) an dunn am Stater Kolléisch. Am Kader vum Stage pédagogique huet si 1977 e Memoire iwwer d'Stad Lëtzebuerg ënner dem Directoire (1795-1799) verfaasst[2].
Vun 1993 bis 1996 war d'Simone Beck zoustänneg fir d'Ëffentlechkeetsaarbecht an déi international Projeten vu "Luxembourg Ville européenne de la Culture 1995 a bis 2003 Generalsekretärin vum "Network of European Capitals of Culture and Cultural Months". D'Simone Beck war vun 2003 bis 2005 Directrice vum Institut Pierre-Werner. Duerno, vum 1. Dezember 2005 un, war s'eng Zäitchen als Beroderin vum Grand-Duc Henri beschäftegt. D'Simone Beck ass wëssenschaftlech Mataarbechterin vun der Stëftung Forum der Zivilisationen - Echternacher Tage a schreift reegelméisseg Bäiträg fir d'Zäitschrëft Ons Stad. Si ass och nach Member vun der Programmkommissioun vum groussen Theater an der Stad. Zënter 2015 ass d'Simone Beck Presidentin vun der Lëtzebuergescher UNESCO-Kommissioun.
Zanter Enn 2018 ass d'Simone Beck Coordinatrice vun der Publikatioun vun ons stad[3] Si ass d'Duechter vum Henri Beck, dem Grënner a laangjärege Redakter vun der Zäitschrëft.